Skip to main content

Den Tableau ass komplett ...

RSR Ch 2014... mat prestigiéisen Equipen aus 8 Natioune.

Mir kënnen dëst Joer erëm op d'Participatioun vun Top Mannschaften aus Däitschland, Frankräich, der Belsch, Holland, Dänemark, der Schwäiz, Lëtzebuerg an esouguer Rumänien zielen. Déi zwee Deeg wärt Top-Volleyball gewise ginn esou wei een dat seelen zu Lëtzebuerg ze gesi kritt.

Bei den Hären hu sech effektiv Top-Teamen ugemellt wéi den VSGCoburg (D) an och de VBCEinsiedlern (CH) a virun allem och zwou hollännesch Equipen, den TAURUSHouten an de VCVPrins aus der Eredivisie, der éischter Liga. Gespaant si mer och op dat dänescht Team vu LyngbyVolley aus der zweethéchster dänescher Liga. Kompletéiert gëtt den Tableau mat eise belschen Kollegen vum VCAthus (N2), dem VCStabulois (N3)  a Munnalux Bouillon (N3), an den zwou däitschen Equipen fir d'éischt de TV05Waldgirmes, deenn grad den Opstieg an déi zweet Bundesliga gepackt huet an och de VCBliesen (3 Liga), déi mer allen zwee gutt vun eisem YouthCup kennen. Aus Lëtzebuerger Siicht begréisse mer niewent dem RSR Walfer, d'Equipe vu Luerenzweiler, Dikrech a Stroossen.

Bei den Damen si mer frou direkt e puer Top Teamen empfänken ze kennen, virun allem eisen Europapokal Géigner vum ASPTTMulhouse, zesumme mat der Equipe vun Terville aus der éischter franséischer Liga. Aus Holland kommen direkt zwou Equipen aus der Top-Liga, den 2ten an der Saison 2013-2014 den Sliedrecht Sport an och den SV Dynamo Appeldorn. Interessant ass sécher och dat rumänescht Team vum CSMSatuMaredéi des Saison an déihéchstenDivisiounopgestigensinn. Weider kommen dann aus Frankrïich den ZweetdivisionärConstantiaStrosbuerg an aus der drëtter Divisioun den ASVS 67.  Aus der Belsch kommen de VCMosanYvoir an d'Meedercher vu MUNALUX Bouillon. Déi eenzeg lëtzebuergesch Equipe ass eise Champion 2013-2014 vu Walfer.

Bref, et annoncéiert sech en héichkarätegen a spannenden Tournoi. Mir hoffen Dir fannt all Zäit bei eis laanscht ze kommen ...

RSR Walferdange

Homepage

3. Club News, 4. Tournois

  • Hits: 2925