Skip to main content

Neie Site

Webboys

Mat Innovatioun um Ball bleiwen …. Eis nei Webseit as Online !!!
   

Virun e puer Wochen woren mir eis éns dass et un der Zeit wär eis Internetseit ze iwerschaffen vir mat néiem Design, enger méi moderner Technik, an Accès un méi heich qualitative Photoen, eisem Internetsite én néien Impuls ze gin an domat eisen Klubb an seng zahlreich Aktivitéiten nach besser ze presentéieren.

Mir wöllen heimat t’Geléegenhéet awer net verpassen eisen 2 Webmasteren Steve Gaffiné a Marc Lanners Merci ze soen vir all déi Zeit an Energie déi sie an Développment an Mise-à-Jouren vun eiser bis geschter aktueller Walfer Volleyball Seit gestach hun.

En néien Webmaster-Duo huet den Défi opgeholl eiser Seit en néit Gesicht ze gin. A Punkto „Look“ an „Contenue“, huet sech extrem vill gedin, héi geséit en dass et net t’Resultat vun 2-3 Mausclicken as mée t’Frichten vun engem ganz groussen Investissement un Zeit. Villmols Merci. Extrem flott a praktesch as t’Härzsteck op der éischter Séit, wat eis an Zukunft erlaabt 5-6 Events/Reportagen gleichzeiteg ze annoncéieren an esou fir eng hoffentlech nach méi liéweg Seit suergt.

Mé eng Seit ouni e Pak un aktiven Reporteren liewt net laang. Elo hescht et t’Ärm eropkrämpelen, de Griffel spötzen an eng Hand mat upaacken. Op kleng oder grouss, jonk oder al, et wär genial wann der ALL e bessi géift mathöllefen … An fir dat elo emol richteg unzestiewelen, stöft den Comité dem Autor (Member bis 18 Joer incl.) vun dem beschten Artikel den den Comité bis den 1 Mée eran kritt, én original Mikasa „Beach“ Ball. Dem Sujet sin  keng Grenzen gesaat … Reportage iwert e Mätch, en Event, ären Trainer oder ären Lieblingsspiller oder Spillerin, etc…  alles as welkom. A lass géet et !

Retour au menu ...

3. Club News

  • Hits: 2767