Skip to main content

Coupe de Luxembourg 1/4 Finale

coupe1/4 Coupe de Luxembourg/Coupe FLVB

De Week-End stoung am Zeechen vun den Qualificatiounen vir Coupe Halef-Finalen.
An der Coupe De Luxembourg haaten eis Dammen1 als Gegner, die Bartrenger Dammen. An den Hannerkaepp stoung nach den Championatsmatch virun 14 Deeeg ...

Des Kier hun eis Meedercher konzentriert & motiviert ungefaangen & den 1° Saatz kontroliert gewonnen.Et gouf och phasenweis 1 kombinatiouns reichen Vollex vum Feinsten gebueden..Wie dunn den 2° Saatz op 12 gewonnen gouf, woar d'Konzentratioun bei verschidden Spillerinnen floete gaangen& sie hun dunn mat allem Kampf & Rouh gewonnen.


Also een glaaten 3-0 vir eis Meedercher, bravo.

D'Haeren 2 woren op Bartreng vir sech geent Bartreng2 ze qualifizieeren.Den Serge haat 1 Moeschung aus Aal,Jonk,Experienced mat bruecht.Eis Equipe ass gudd an den Match komm, blouwen motiviert & virun allem hun eis jonk Talenter endlech eroem daat noedech Selbsvertrauen gewissen & schoen Baell an der Attaque geschloen.Eisen neien Ami, den Blaine woar am Element & konnt schloen & leen ewie hien wollt.
Eis Braas Brothers hun mat hirem onendlechen Ansaatz hiren onooffaellegen Handicap mieh wie kompenziert.
Den Gigg als Central koum net oft zum Ansaatz, well den jonken Kiffi & den Jerome efficace an der moett angesaat gouf.
Hei hut eis Equipe och een 3-0 realisiert, obwoul sie zum Schluss an jidder Saatz ze frueh zereckgeschalt haaten, esou eppes kann an d A....ah goen.

Eis Dammen2 woren schon's an der Woch am Ansaatz vir Coupe FLVB & do woar hiren Gegner die Escher Damen2.De Respect woar also do, den Woellen ze wannen och & d'Meedercher aus dem erweiterten Kader wollten weisen, dass sie och richteg gudden Volleyball spillen konnten.
Also gouf et een ondiskutablen 3-0 vir Walfer .Bravo.

Elo feelen nach eis Cadettes Damen, die een schwieren Gang no Mamer untrieden missten.Mamer ass 1 jonk homogène Mannscht ,die gudd encadriert ass & sech optimal weider entweckelt.
Vu dass der RSR awer schon Cadetten huet, die am 1° Kader trainieeren & Spillen, haat hiren Trainer den Bob 1 Joker Equipe an der Hannerhand, waat verschidden Mamer Memberen net gefall huet.
Nu je Cadette ass Cadette & wann durch 1 Verletzung 1 Grimmel,! Lena oder Pamela ausfaellt, sinn mir als Verein selwer responsabel.

Elo genuch gelabert:eis Cadetten goungen hinn vir ze wannen & koumen zereck mat engem 3-0, dovir meng Felecitatioun un all Spillerinnen, die gespillt hun & die spill bereet woaren.

Die next Manche ass schons ausgeloust & daat geseit net schlecht vir eis aus.

Retour au menu ...

2. Coupe

  • Hits: 2891