Skip to main content

United World Games

Walfer vertrett Letzebuerg bei den United World Games zu Klagenfurt.

UWG

"Förderkader 2014 - 2ter Akt" :

Genau wéi am Virjoer, sollt och t'Enn vun der Saison 2013-2014 am Zeechen vun der Jugendförderung stoen. Den Veräin huet sech ganz kloer als Ziel gesat, déi vum Serge K. agefouert Initiative weider liewen ze loossen, andeems e bëssi méi intensiven Trainingscontenue a Volumen fir eis Cadets (ettes) an Junioren (innen) sollt ugebueden gin. Dës Fördermodulen sollen et den Jugendlechen erlaben den Rhythmus ze steigeren an si iwert dé Wee dem Spillniveau vun eisen éischten Equipen méi no ze brengen.

Mam Friedrich Rodenberg, huet Walfer sech erëm en "alen" dh en fréieren Trainer mat an t'Boot geholl fir eis Jugendaarbecht besser ze koordinéieren. Domat haten mir och t'Geleegenheet eisen Meedercher den Förderkader unzebidden. Gläichzäiteg haten mer schon e bëssi mam Gedanken gespillt fir eis Jugend och emol op een Auslandsturnéier ze schécken, engersäits als Belounung fir déi gutt geleeschten Aarbecht, an op der anerer Säit fir déi jeeweileg Jugendlecher als Equipe (Eenheet) nach e Stéck méi zesummen ze schweessen.

Gesicht gouf also en Event mat internationalem Flair, wou den Spaassfaktor grouss geschriwwen gëtt. Ganz séier ass den Serge op en absolut Dram-Event gestouss, wou sech méi wei 5.000 Jugendlecher treffen fir Sport ze maachen an och nei Sportler kennen ze léieren.

Op den Programm goufen "United World Games (UWG) 2014 zu Klagenfurt" geschriwwen, wou mir als Walfer als éischt Equipe an der Geschicht vun den UWG, Lëtzebuerg vertrieden dierften. Fir t'Editioun vun den UWG 2014 sin 6.000 Spiller (innen) aus 30 Natiounen ageschriwen, déi an 8 Sportaarten géinteneen untrieden sollten. Eenzeg an eleng t'Prüfungszäit sollt dem engen oder aneren e Strich duerch t'Rechnung maachen. Schued, well se hun eppes verpasst.

RV wor en Donneschdeg den Owend zu Walfer fir mat 15 Sportler, 3 Coachen an 5 (an en Hallwen) Betreier déi laang Rees (11 Stonnen Bus) op Klagenfurt unzetrieden. Des Belaaschtung sollten mir awer net bedaueren, well Moies frei (7h00) huet een absolut g**len Sportkomplex op eis gewaart wou an allen Ecker Sportler op hier éischt Asätz gelauert hun. Den Fussballstadion, den fir t'Euro 2008 erricht ginn wor, ass en absoluten Bijou,  an awer héich funktionell.

Mat Playerstown (okay dat wor en absolut léiwen Camping nierwt dem wonnerschéinen Wörthersee, den Shuttelbusen an der Erëffnungszeremonie huet sech ganz séier e Stéck olympeschen Flair verbreed, eis Sportler woren méi ewéi zefridden.

 [widgetkit id="7" name="UWG - Slideshow"]

 

Sollt elo een vu Iech erwaart hun hei präzis sportlech Resultater ze fannen, dann muss ech Iech leider enttäuschen; mir wossten jo dass mer näischt géint Equipe ewéi : Kobylka Torstar (POL), Galatasaray (TUR) oder Ledenitzen (AUT) ze sichen hätten. Den Fitti huet no ganz aneren Wärter gesicht an och fond : Dësen Tournoi huet him et erlaabt éischt Schrët a Richtung Formatioun vun enger Equipe ze maachen, an éischt wichteg Erfahrungswärter als Trainer ze sammelen - "Ech sin deck zefridden". "Eng absolut golden Medaille huet sech t'Liz verdengt", wat den Encadrement vun den Meedercher méi ewéi perfekt assuréiert huet". Do schléisst sech den President a Secretär ouni Bedenken un !!! Merci Liz.

Eis Jongen haten mat den Serben vun Zeleznicar, den Léiwen vum Wörthersee (AUT), an Schöneiche, déi Daitschland vertrueden huen, kaum Chance e Match ze gewannen. Fir den een oder aneren Satz hätt et kënnen duer goen, mais do fehlt den Moment nach - wei den Philippe ganz richteg resuméiert - "den néidegen Bëss". Sie sin geléiert gin weider un sech ze schaffen (sech fuerderen an förderen ze loossen) dann kënnen se et och an t'Starting 6 vun Walfer packen oder virwaat och net, mat vill Spaas um Volleyball dem RSR an denen aneren Equipen trei bleiwen.

Fir den Rescht huet déi néideg Fräizäit, um wahnsinneg flotten Wörthersee, hinnen et hoffentlech erlaabt déi néideg Energie ze tanken fir déi lescht 3-4 Wochen an der Schoul an Ugrëff ze huelen. Iech All: bonne Chance! Mir gesin eis spéitstens bei der sportlecher Rentrée.

Servus

3. Club News

  • Hits: 2828