Skip to main content

Walfer Familyday 2013 - Optakt vun der Indoorsaison 2013-2014

20130803-MB-Walfer Familyday -019

No engem éischten réusséierten Familyday -2012- wor de Serge gefuerdert (hien brengt et ëmmer erem faerdeg sech selwer oenner Drock ze setzen) sollt déi 2. Editioun nach e Krack besser gin ewéi déi éischt an virunallem sollten ALL t'Familiememberen mat an t'Aktivitéiten agebonnen gin ...

Hien hat sech dun och extra eng Woch mat sengem engen Beroder an den Sueden verfuusst fir ongestéiert seng Aktivitéiten ze plangen. Och wann t'Haaptaktivitéit en Beachvolleyballstournoi, mat grouss a kleng, routinéiert a manner experimentéierten Spiller wor, sollten 2 Family-wettbewerber déi richteg Ambiance brengen ....

An esou wor et och !

Beim "Klassiker" Seelzéien hun esou Munscher sech esou richteg an t'Geschier geheit .... an endlech hun déi puer Wanterkiloen an de Fréijorsspeck seng Friechten bruecht. Bei verschidden hat een t'Impressioun sie géifen all Woch naischt Anneschtes trainéieren, Respekt fir déi stark Maenner a Fraen. Mais wéi ëmmer am Liewen, geet et net duer eppes an den Aerm ze hun, well nom Mukies-exercice wor Brain a Gesckecklechkeet ugesot. Nujé dat wor net onbedengt jidermanns (fra's) Saach ;o). Eng Sequenz vun e puer loeschtegen Uebungen (déi den Stempel "we like it" verdengt hun) wor den Highlight vum Daag.

Duerno goufen nach 1/2-Finalen an Finalen gespillt, bis jidfereen t'Box voll hat an sech bewosst wor, dass et besser waer esou lues mam Training unzefaenken, fir dass t'Saison och soll erfollegreich gin. (Jo richteg déi mat den Kiloen woessen och elo, dass déi nei Wanterkiloen e bessi Plaaz brauchen ;o)).

Zu engem flotten Famillientreffen gehéiert dann och, dass den neisten Member dem Bopi an der Bomi virgestallt get : Welcome Milla.

Zreck zum sportlechen Deel, ween as dann elo éischte gin ? Who cares ? Et wor jo eisen Familyday an do hun all déi gewonnen, déi t'Chance haten matdzemaachen an et hun verluer, déi leider net konnten dobai sin! Soit, der Editioun 2014 steht naischt am Wee, also t'naechst Joer t'Vakanz einfach besser plangen ;o) 

3. Club News

  • Hits: 3085